A sou engem multikulturellen Land, wou d’Gesetzer op franséisch sinn, wou lëtzebuergesch am Geschäft oft net verstane gëtt a wou déi meescht Auslänner guer keen Bezuch hunn zur lëtzebuergescher Sproch a Kultur, riskéiert déi lëtzebuergesch Sprooch an Bedeitungslosegkeet ze falen an iergendwann komplett aus dem kulturellen Ierfgutt ze verschwannen. Sou ass et zum Beispill scho villen alen Ausdréck ergaangen déi Hautdesdaags, wann iwwerhaapt, nëmmen nach eis Grousselteren kennen.
An dat wier méi wéi nëmmen bedauerlech, well d’Sprooch ass dat eent Element mat dem mir eis all identifizéieren kennen, ganz egal vu wou mir ursprénglech hierkommen.
Well och wann een doriwwer streiden kann wat et hautdesdaags bedeit Lëtzebuerger ze sinn, sou léisst sech awer net bestreiden wat eis Gemeinschaft zesummenhält, déi lëtzebuergesch Sprooch. Lëtzebuergesch soll een net nëmmen schwätzen, mä och schreiwen, liesen, et muss een se (er)liewen!Well et ass dat, wat eis verbënnt.
Wärend Lëtzebuerg haut net dat wier wat et elo ass ouni den wäertvollen Bäitrag vun eisen auslänneschen Matbierger an Aarbechter, gesinn mir et als eis Flicht fir an dem ganze Multikulti dozou bäizedroen dat een sech net iergendwann als Friemen an sengem eegene Land erëmfënnt.
Souwisou geet et schonn duer sech am Ausland därmoossen als Friemen virzekommen!Virun allem ausserhalb vun Europa wëssen nämlech nëmmen déi wéinegst dat et Lëtzebuerg iwwerhaapt gëtt, an nach vill manner wëssen dat mir eis eegen Sprooch hunn. An mir wëllen dozou bäidroen, dat sech dat ännert.
Zu gudder Lescht spillt natierlech och mat dat de Leit am Moment nëmmen eng kleng Auswiel u Kleedung mat lëtzebuergeschen Motiver zur Verfügung stinn, wouduerch et hinnen, am Géigesaz zu eisen Milliounen schwéieren Noperen, bis elo net méiglech ass sech duerch hir Kleedung op lëtzebuergesch auszedrécken.
Fir déi lëtzebuergesch Gemeinschaft ze fërderen, d'Presenz vum Land a senger Sprooch am In an Ausland ze verbesseren, an de Leit d'Mëttelen ze ginn sech besser duerch hier Kleedung auszedrécken gouf d’Mark Roudbréck an d’Liewen geruff.
Jiddereen dréckt sech duerch d’Kleedung aus, ëmmer an iwwerall. Also wisou sech net duerch déi lëtzebuergesch Sproch expriméieren, verpak an interessanten a witzegen Motiver?Well ob jonk oder al, ouni Kleedung gëtt dir kal!