Coronakrise betrëfft jiddereen, och mech

Coronakrise betrëfft jiddereen, och mech

Wärend aktuell déi eng zu Lëtzebuerg Ronnen am Haus dréinen, dréinen déi aner Ronnen an der Tierkei. Ech hunn Tierkei  aus Beispill gewielt well et dat Land ass wou ech mech an Quarantänn befannen. Mä letztendlech ass et egal wéien Beispill e wielt well jidderengem op der Welt geet et ongeféier d'nämmlecht.

Wärend jiddereen mat der Angscht schlofe geet dat se oder Persounen déi hinnen no stinn den nächsten Dag mat engem decken Houscht waakreg ginn ass et schwéier an dësen donkelen Zäiten e kloren Kapp ze behalen. Et hëlleft wann een eppes huet mat dem een sech oflenken kann, a fir mech ass dat T-Shirten designen a sech em dëse Site ze këmmeren.

Dat hëllef och, mech dorun ze erënneren, u wat et an dëser Zäit wierklech ukënnt, roueg bleiwen a sengen Matmënschen Solidaritéit, Compassioun an Hëllefsbereetschaft entgéint bréngen.


Aus dem Grond hunn ech 2 Rummen fir Facebook Profilfotoen kreéiert fir eis all dorunner z'erënneren wat an dësen schwieregen Zäiten wichteg ass, dat mir zesummen halen an eis géigesäiteg hëllefen. Och wann eis "Isolatiounshaft" eis vun deenen aneren distanzéiert. ass et wichteg dat mir eis net an eisen Häerzer vunenaner isoléieren. 

 

Mir aus Gesellschaft ginn vun dësem Virus hefteg op d'Prouf gestallt. Jiddereen entscheet fir sech selwer ob e wëll impulsiv, egoistesch a récksiichtslos handelen an nëmmen u sech selwer well denken oder ob e Récksiicht hëlt, drun denkt dat mir alleguerten, ganz egal ob Lëtzebuerger oder net, an dem nämmlechte Boot setzen a realiséiert dat verschiddener op dem Boot méi krank sinn ewéi aner an eventuell déi nächst Wochen a Méint net wäerten iwwerliewen an evitéiert, ganz egal wéi gesond e sech fillt, zu hirem Doud bäizedroen an dem en de Consignen vun den Experten follegt.

Déi kommend Wochen wäerten weisen, op eis dëse Virus aus Gesellschaft wäert splécken oder méi staark wäert maachen. Woufir entscheet's de dech?

Mat dësem Frame kann s du der Welt matdeelen wat wichteg ass. Mä soen geet natierlech net duer, du muss och deementspriechend handelen!

Bleif weiderhi gesond!

Emmanuel SIMON
Fir Roudbréck


Hannerlooss e Kommentar

Denk drun dat Kommentaren musse vun eis autoriséiert ginn éier se verëffentlecht ginn.

x
x