->

Abrëllsgeck – spl_L

W.E.G LIES WAT HANNERT DER AKTIOUN STÉCHT 

Leider hu mir déi Saachen net wierklech am Sortiment!Mä kafen kanns du se trotzdeem!

De Kafpräis vun dësen virtuellen Produkter gëtt nämlech INTEGRAL fir e gudden Zweck gespent!Dësen Abrëllsgeck huet nämlech en seriöen Hannergrond. Mir hoffen du verzeihs ass dat mir dëch ënnert falschen Tatsachen heihinner gelackelt hunn, mä et ass jo och schliesslech 1. Abrëll!

Eis Spendenaktioun (keen Abrëllsgeck)

Dës Aktioun bezweckt dech dorun ze erënneren, dat et méi brauch ewéi Desinfektioun, Toilettëpabeier a Pasta fir dës Krise ze bewältegen.

Nëmmen an dem mir un engem Strang zéien, d'Consignen befollegen, eis Géigesäiteg mat Respekt behandelen an eis géigesäiteg hëllefen, kënnen mir dës Krise meeschteren a gestäerkt doraus ervir goen!

Weis deng Solidaritéit mat engem T-Shirt - Mir spenden 100% vum Erléis!

An dozou gehéiert och, de Leit ze hëllefen déi dagdeeglech hiert Liewen riskéieren fir aner Liewen ze retten, de Medezinner.

Aus dem Grond hu mir déi nofollegend Kleederkollektioun kreéiert déi sech em Thema Coronavirus dréint an déi zur Solidaritéit oprifft. Den Erléis dovun gëtt zu 100% u Médecins sans Frontières gespent déi permanent a Krisegebidder hier d'Liewen riskéieren fir mëttellosen Patienten ze hëllefen.

 

Bis elo goufen 2800EUR gesammelt.

Scroll erof fir T-Shirten ze gesinn 

Wéi virgestallt op

Filter no

Elleng an Italien goufen bis elo iwwer 5000 Dokteren, Infirmieren, an anert medezinescht Personal vum déidleche Virus ugestach an iwwer 50 dovun hunn et net iwwerlieft.

Se schaffen sech reegelrecht futti fir dat mir kënnen liewen an dowéinst verdéngen se eisen Respekt an eis Dankbarkeet. Owes an d'Hänn klappen geet leider net duer fir hinnen ze hëllefen!Wat si wierklech brauchen ass méi Material a méi Personal, am Resumé, méi Geld!

Gëff eppes erëm an deem s de eppes aus eiser Kollektioun keefs. Den Erléis vun dëse Produkter gëtt INTEGRAL un Médecins sans Frontières* gespent déi och ausserhalb vun dëser Krisenzäit a Krisegebidder hiert Liewen riskéieren fir Mënscheliewen ze retten vu Patienten déi anescht keen Zougang zu enger medezinescher Versuergung hätten.

Mir maachen op dës Produkter also keen Profit well mir deen direkt weider ginn.


Falls du léiwer direkt en Don maachen wëlls, kanns du dat gären ënnert dësem Link maachen.

*Dës Aktioun ass onofhängeg vun Médecins sans Frontières a steet net an direkter Relatioun mat hinnen.

 

Wéi virgestallt op

x

x