->

Géint Krich – spl_L

Och mir si geschockt an zu déifst enttäuscht iwwert déi rezent Entwécklungen an der Ukrain. Dofir drécke mir den Ukrainer eist Matgefill an eis grenzelos Solidaritéit aus an dëse schwéieren Zäiten a wëlle mat eiser Kleedung een Zeeche setzen. En Zeechen dat mir un si denken an dat wat an der Ukraine grad geschitt zu déifst condamnéieren.  Dofir gi mir och all Benefice dee mir mat dësen T-Shirten maache weider un déi virun kuerzem gegrënnten lëtzebuergesch Associatioun Slava Ukraini déi sech als Ziel gesat huet déi ukrainesch Refugiéen déi zu Lëtzebuerg ukommen z'encadréieren an hinnen bei hierem Neiufank sou gutt et geet zur Säit ze stoen.
Filter no
x

x