->

Toilettepabeier fir e gudde Zweck – spl_XL


 

Wéi versprach ass hei d'Bild vum Toilettëpabeier!Et ass virtuellt Pabeier wat s du effektiv fir 2EUR kafe kanns an domadder automatesch en DON fir e gudde Zweck mëss. Den Erléis vum Pabeier gëtt nämlech INTEGRAL un Dokteren ouni Grenzen gespent.

An dat stécht dohannert

Dës Aktioun bezweckt dech op witzeg Aart a Weis dorun ze erënneren, dat et méi brauch ewéi Toilettëpabeier, Desinfektiounsmëttel a Pasta fir dës Krise ze bewältegen an dech dozou ze motivéieren dech karitativ anzesetzen fir déi Mënschen deenen et net esou gutt geet ewéi dir. 

Wa jiddereen zu Lëtzebuerg och nëmmen 1EUR geif spenden dann hätte mir schonn all zesummen 600.000EUR gespend. An dat ass d'Iddi hannert dëse Produkter, och e klengen Montant kann Grousses bewierken!

An dëser Zäit ass et souguer nach méi wichteg fir solidaresch ze sinn an de Matmënschen mat Respekt, Hëllefsbereetschaft a Matgefill ze begéinen statt sech am Egoismus ze verléieren. Dat gëllt nach ëmsou méi géigeniwwer vun deenen Leit déi weider schaffen ginn an eis Societéit um Lafen halen, dorënner och d'medezinescht Personal wat all Dag säi Liewen riskéiert a bis zur kompletter Erschöpfung schafft am Kampf géint COVID19.

Weis deng Solidaritéit mat engem T-Shirt - Mir spenden 100% vum Erléis!

Aus dem Grond hu mir déi nofollegend Kleederkollektioun kreéiert déi sech em Thema Coronavirus dréint an déi zur Solidaritéit oprifft. Den Erléis dovun gëtt zu 100% u Médecins sans Frontières gespent déi permanent a Krisegebidder hier d'Liewen riskéieren fir mëttellosen Patienten ze hëllefen.

Wéi virgestallt op

Filter no

Elleng an Italien goufen bis elo iwwer 5000 Dokteren, Infirmieren, an anert medezinescht Personal vum déidleche Virus ugestach an iwwer 50 dovun hunn et net iwwerlieft.

Verschiddener schaffe sech also wuertwiertlesch zu Doud fir eist Liewen ze retten an dowéinst verdéngen se eisen Respekt an eis Dankbarkeet. Owes an d'Hänn klappen geet leider net duer fir hinnen ze hëllefen!Wat si wierklech brauchen ass méi Material a méi Personal, am Resumé, méi Geld!

Gëff eppes erëm an deem s de eppes aus eiser Kollektioun keefs. Den Erléis vun dëse Produkter gëtt INTEGRAL un Médecins sans Frontières* gespent déi och ausserhalb vun dëser Krisenzäit a Krisegebidder hiert Liewen riskéieren fir Mënscheliewen ze retten vu Patienten déi anescht keen Zougang zu enger medezinescher Versuergung hätten.

Mir maachen op dës Produkter also keen Profit well mir deen direkt weider ginn.


Falls du léiwer direkt en Don maachen wëlls, kanns du dat gären ënnert dësem Link maachen.

*Dës Aktioun ass onofhängeg vun Médecins sans Frontières a steet net an direkter Relatioun mat hinnen.

 

Wéi virgestallt op

x

x