->

Solidaritéit

Spendensammelaktioun

A Kooperatioun mat Médecins sans Frontières Luxembourg

goufe bis elo 3200EUR gesammelt.

Scroll erof fir T-Shirten ze gesinn 

Wéi virgestallt op

De Corona Virus ass iwwerall an aus kengem sengem Alldag méi ewechzedenken. Mir vun Roudbréck hunn dowéinst eis Isolatiounszäit benotzt fir dës Kollektioun z'erschafen fir eis mat dem Thema op eng kreativ Aart a Weis ausenanerzesetzen.

Et gëtt net vill wat mir aus klenge Startup maachen kënnen fir de Leit an dësen schwéieren Zäiten bäizestoen. Mir kennen awer eis Kleedung fir eis schwätzen doen an de Profit aus der Kleedung fir e gudden Zweck spenden an et deene Leit ginn déi all Dag hiert Liewen riskéieren fir eis Liewen ze retten, d'Medezinner!

Elleng an Italien goufen bis elo iwwer 5000 Dokteren, Infirmieren, an anert medezinescht Personal vum déidleche Virus ugestach an iwwer 50 dovun hunn et net iwwerlieft.

Se schaffen bis zur kompletter Erschöpfung a riskéieren all Dag hiert Liewen fir d'Liewen vun aneren ze retten, an dowéinst verdéngen se eise Respekt an eis Dankbarkeet. Owes an d'Hänn klappen geet leider net duer fir hinnen ze hëllefen!Wat si wierklech brauchen ass méi Material a méi Personal, am Resumé, méi Geld!

An dat Geld brauche se net fir sech, mä fir deenen aneren ze hëllefen!

Dës Designs sinn als Unisex Shirt, Fraeshirt, Unisex Hoodie a Kanner Shirt erhätlech.

Gëff eppes erëm an deem s de eppes aus eiser Kollektioun keefs. Den Erléis vun dëse Produkter gëtt INTEGRAL un Médecins sans Frontières Luxembourg gespent déi och ausserhalb vun dëser Krisenzäit a Krisegebidder hiert Liewen riskéieren fir Mënscheliewen ze retten vu Patienten déi anescht keen Zougang zu enger medezinescher Versuergung hätten.

Mir maachen op dës Produkter also keen Profit well mir deen direkt weider ginn.

Falls du léiwer direkt en Don maachen wëlls, kanns du dat gären ënnert dësem Link maachen.

Dës Aktioun gëtt ënnerstëtzt vun Médecins sans Frontières Luxembourg an déi gesammelt Suen ginn ausschliesslech fir de Kampf géint COVID19 agesat.

 



 

Filter no
x

x