->

Wien mir sinn?

Wat ass Roudbréck?

Roudbréck ass méi wéi eng Verbindung tëscht 2 Stater Quartieren. Roudbréck verbënnt Vergaangenheet mat der Zukunft, d’Alter mat der Jugend an Lëtzebuerg mat der internationaler Gemeinschaft. Roudbréck ass net nëmmen eng Ofkierzung zum Kierchbierg mä och eng Ofkierzung zu den Häerzer vun deenen aneren Matbierger. Dëse Passage ëmfaasst alles wat d'Mark Roudbréck verkierperen well. An fir des Verbindung ze schafen setze mir op en Medium wat bis elo haaptsächlech am Ausland bekannt an säit Joerzéngten verbreet ass, an zwar of Kleedung. Roudbréck bitt eng ni do gewiergten Quantitéit un interessanten a witzegen Motiver un, vun Illustratiounen iwwer Spréch, déi déi lëtzebuergesch Sprooch a Kultur erëmspigelen an liwwert dir domadder eng lokal an erfrëschend Alternativ zu deenen auslänneschen Versiounen déi vill Leit am Kleederschaf hunn. Déi Motiver ginn dann op Online Bestellung op déi vun dir individuell gewielten Kleeder vun eisen Partenairen gedréckt a bei dech heemgeschéckt. Dobäi ass et eis wichteg dir Kleeder zur Auswiel ze stellen déi héichwäerteg an organesch sinn an déi ënnert fairen Konditiounen hiergestallt goufen an dech zu engem méi nohaltegen Ëmgang mat der Kleedung ze inspiréieren. Eis Kleedung erméiglecht dir dech op Lëtzebuergesch auszedrécken wéi och nämmlechtdenkend Leit kennenzeléieren, Auslänner eis Sproch an d'Land méi no ze bréngen (am In an Ausland) an esou nei Frëndschaften ze schléissen, an dat generatiounsiwwergräifend. Well ob jonk oder al, ouni Kleedung gëtt dir kal!

Wisou Roudbréck?

A sou engem multikulturellen Land, wou d’Gesetzer op franséisch sinn, wou lëtzebuergesch am Geschäft oft net verstane gëtt a wou déi meescht Auslänner guer keen Bezuch hunn zur lëtzebuergescher Sproch a Kultur, riskéiert déi lëtzebuergesch Sprooch an Bedeitungslosegkeet ze falen an iergendwann komplett aus dem kulturellen Ierfgutt ze verschwannen. Sou ass et zum Beispill scho villen alen Ausdréck ergaangen déi Hautdesdaags, wann iwwerhaapt, nëmmen nach eis Grousselteren kennen. An dat wier méi wéi nëmmen bedauerlech, well d’Sprooch ass dat eent Element mat dem mir eis all identifizéieren kennen, ganz egal vu wou mir ursprénglech hierkommen. Well och wann een doriwwer streiden kann wat et hautdesdaags bedeit Lëtzebuerger ze sinn, sou léisst sech awer net bestreiden wat eis Gemeinschaft zesummenhält, déi lëtzebuergesch Sprooch. Lëtzebuergesch soll een net nëmmen schwätzen, mä och schreiwen, liesen, et muss een se (er)liewen!Well et ass dat, wat eis verbënnt. Wärend Lëtzebuerg haut net dat wier wat et elo ass ouni den wäertvollen Bäitrag vun eisen auslänneschen Matbierger an Aarbechter, gesinn mir et als eis Flicht fir an dem ganze Multikulti dozou bäizedroen dat een sech net iergendwann als Friemen an sengem eegene Land erëmfënnt. Souwisou geet et schonn duer sech am Ausland därmoossen als Friemen virzekommen!Virun allem ausserhalb vun Europa wëssen nämlech nëmmen déi wéinegst dat et Lëtzebuerg iwwerhaapt gëtt, an nach vill manner wëssen dat mir eis eegen Sprooch hunn. An mir wëllen dozou bäidroen, dat sech dat ännert. Dozou kennt dat och dat gemeinschaftlecht Matenaner ënnert Lëtzebuerger net méi sou dat ass wat et emol war. Vill fleegen hier iwwersichtlech Frëndeskreesser a loossen do och sou schnell keen neien eran. D’Leit wierken am groussen a ganzen distanzéiert. Keen weess wisou, ob et Resultat ass vun eiser turbulenter Geschicht, eisem multikulturellen Hannergrond oder well mir sou e klengt Land sinn, mä mir kennen zoustëmmen dat et esou ass. Zu gudder Lescht spillt natierlech och mat dat de Leit am Moment nëmmen eng kleng Auswiel u Kleedung mat lëtzebuergeschen Motiver zur Verfügung stinn, wouduerch et hinnen, am Géigesaz zu eisen Milliounen schwéieren Noperen, bis elo net méiglech ass sech duerch hir Kleedung op lëtzebuergesch auszedrécken. Fir déi lëtzebuergesch Gemeinschaft ze fërderen, d'Presenz vum Land a senger Sprooch am In an Ausland ze verbesseren, an de Leit d'Mëttelen ze ginn sech besser duerch hier Kleedung auszedrécken gouf d’Mark Roudbréck an d’Liewen geruff. Jiddereen dréckt sech duerch d’Kleedung aus, ëmmer an iwwerall. Also wisou sech net duerch déi lëtzebuergesch Sproch expriméieren, verpak an interessanten a witzegen Motiver?Well ob jonk oder al, ouni Kleedung gëtt dir kal!

Wien steet hannert Roudbréck?

Roudbréck ass eng Mark vun der lëtzebuergescher Roudbréck S.à.r.l - S, eng Start-Up Firma déi 2019 vun engem lëtzebuergesche Matbierger an d'Liewen geruff gouf, deen no enger längerer Zäit am Ausland seng Léift zu Lëtzebuerg an zur lëtzebuergescher Sprooch erëmentdeckt huet.

Wärend en ënnerwee war huet en ëmmer erëm missen de Leit erklären wat Lëtzebuerg ass, wou et läit an wéi eng Sproochen do geschwat ginn.

Sou huet en ëmmer erëm missen kulturellen Botschafter fir e Land ze spillen op dat en déi lescht Joren sou guer keng Loscht méi hat.

Vill Leit déi hien kennegeléiert huet, haten mat Suergen ze kämpfen vun deenen e zu Lëtzebuerg nëmme schlecht dreemen kann. Vill vun hinnen hätte sech gewënscht an engem Land ewéi Lëtzebuerg gebuer ze sinn.

Duerch all dat ass him kloer ginn dat e kann dankbar sinn fir de Privileeg zu Lëtzebuerg opgewuess ze sinn, an dat e kann houfreg sinn op dat wat seng Virfaren erreecht hunn. Dowéinst fillt hien sech elo méi mam Land verbonnen wéi jeemools virdrun.

x

x