![]() |
| |
Weis deng Solidaritéit: Mir spenden 100% vum Erléis op dëst Kleedungsstéck un Dokteren Ouni Grenzen |
|
|
Gratis Liwwerung: Ab 30€ ass de Versand gratis |
| |
Exklusiv an individuell: Op Wonsch vun Hand gedréckten Unikat dat nëmmen hei um Site erhältlech ass |
|
|
Nohalteg a fair produzéiert: Schount d'Ëmwelt a verbessert d'Aarbechtskonditiounen vun den Textilproduzenten |
|
|
Flexibel Retourpolitik: Garantéiert en neit Produkt bei feelerhafter Bestellung |
|
|
Sécher Liwwerung: Versécherung géint feelerhaft oder verschwonnenen Bestellungen a Produkter |
|
|
Héich Textil an Drockqualitéit: Geprint mat deenen modernsten Digitaldrockeren (DGT) op héichwäerteg Textilien aus Kotteng |
|
|
Lëtzebuergeschen Design: Gutt fir d'Kultur an d'Lëtzebuergesch Sprooch |
| |
Roudbréck steet fir beschtméiglech Dréckqualitéit op absolutte Qualitéitsprodukter. Dësen organeschen T-Shirt ass ganz agreabel ze droen, duuss op der Haut an hält dech esou bequem an allen Liewenssituatiounen.
Doriwwer hinaus bitt en onendlech Kombinatiounsméiglechkeeten, egal op driwwer, oder drënner!An dobäi kennt net nëmmen dat en organesch ass an domadder schounend fir d’Ëmwelt, mä och ënner faire Produktiounsbedéngunge geprint gouf.
Dësen T-Shirt ass also perfekt fir all Fra déi punkto Qualitéit, Komfort an Nohaltegkeet keng Kompromësser agoe wëll an nëmmen dat Bescht wëll hunn. E gett op Bestellung manuell an individuell no denge Wënsch geprint*.
Solidaritéit: 100% vum Erléis gëtt un MDF gespent
Fournisseur: Stanley & Stella
Typ: Single Jersey mat agesaten Äerm
Halsausschnëtt: Bouform
Material: 100 % Bio-Kotteng
Strapazéierfäeg Stoffqualitéit: 155 g/m²
Coupe: Op Taille**
Produktioun: Fair an nohalteg
Drock: Neisten Digitaldrocker mat onbedenklecher Tënt
*Detailer fënns du souwuel an der FAQ ewéi och an den AGB.
** Consultéier w.e.g virum Bestellen d'Gréisstentabell fir dech ze vergewësseren dat den T-Shirt dir passe wäert. Am Doute, bestell léiwer eng Nummer méi grouss ewéi ze kleng. An der FAQ fënns du hëllefräich Tipps fir deng Gréisst ze fannen. Falls op Taille net gewënscht ass, kann een um Site an der Männerrubrik nokucken ob d'Motiv do ze fannen ass. Well T-Shirten an där Rubrik Unisex T-Shirten sinn, kënne se och ouni Weideres vu Fraen gedroen ginn.
Detailer zum Origine
Dësen Fraen T-Shirt gëtt zu 100% aus organeschen Naturfaseren hiergestallt, déi vu nohaltegen Plantagen aus Indien kommen an et onvergläichlech duuss maachen.
De Kotteng gëtt haptsächlesch an Asien (Bangladesch a China) gebitzt. All d’Fabricken erfëllen déi strengste Secherhéeetsufuerderungen a bidden Aarbechtsbedéngungen un déi Richtlinne vun der Fair Wear Fondatioun respektéieren. Dofir ass dëst Kleedungsstéck mat deene wichtegsten Certificaten ausgezeechent (GOTS, OCS Blended, Oeko-Tex).
|
|
|
|
Detailer zum Hierstellungsprozess
De Kotteng ass gekämmt, dat heescht dat en mat der Kämmmaschinn vun de kuerze Faseren a Knascht befreit gëtt, geglätt gëtt an d'Faseren parallel kennen geuerdent ginn. De Gar (Fuedem) gëtt doduerch méi kräfteg a méi gläichméisseg, sou dat d'Surface méi reegelméisseg ass.
De gekämmte Gar ass rénggesponnen. wat sou vill heescht wéi dat e verdréint gëtt. Jee méi e verdréint gëtt, desto méi staark, méi duuss, méi glat a méi blénkeg gëtt en.
Detailer zum Drock
D'Motiv gëtt an Däitschland mat Hëllef vun denen modernsten Digitaldrockeren vun Hand op den Textil gedréckt an dono op Qualitéitsmängel kontrolléiert. Am Géigesaz zum Flexdrock ensteet dobäi eng Eenheet tëscht dem Stoff an den Faarwen, wat d'Motiv vill méi langlieweg mécht well d'Faarwen net esou schnell verblatzen wéi dat wat een vun bëlleger Kleedung gewinnt ass.
Hei e kuerze Video zum Drockprozess:

An der FAQ fënns du weider hëllefräich Tipps fir deng Gréisst ze fannen. Am Doute, bestell léiwer eng Nummer méi grouss ewéi ze kleng, an just 1 eenzegt Produkt statt méi mat der nämmlechter Gréisst.
Gratis Liwwerung an Nopeschlänner ab 30EUR
- Mir liwweren am Abléck ausschliisslech no Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an d'Belsch
- D'Liwwerung ass am Abléck gratis ab 30€
- Packupadresse gi just fir kleng Bestellunge vu bis zu 2 Produkter ënnerstëtzt (an dovunner dierf just 1 en Hoodie sinn)
- Wann d'Bestellung net kann un d'Packupadress ausgeliwwert ginn, muss een se an den Depot vum Liwwerdéngscht siche goen.
- Enner 30EUR belafen sech d'Liwwerkäschten op 4.90EUR
- D'Produktioun kann tëscht 2-14 Schaffdeeg daueren an d'Liwwerung 3 Schaffdeeg bis eng Woch. An der Reegel dauert de Prozess awer net méi lang ewéi 3 Wochen.
- Am Fall wou eis e Feeler bei der Liwwerung geschitt op Grond vun dem de Pak net beim Client ukënnt, iwwerhuelen mir d'Käschten vun der Reexpeditioun.
- Fir weider Informatiounen, consultéier w.e.g eis FAQ an eis Allgemeng Geschäftsbedéngungen.
Fleegehiweiser
Fir eng méiglechst laang Liewensdauer vun denge bedréckten Textilien ze erreechen, roden mir dir dech un déi folgend Wäschhiweiser ze halen:
· Textilien virum éischten Droen wäschen fir Dréckréckstänn lasszeginn;
· Textilien virun der éischter Wäsch a kaalt Waasser tauchen fir sécherzestellen dat se net dono aginn;
· Net iwwer 30° wäschen;
· Textilien virum Wäschen op Lénks dréinen (inside out!);
· Keen Weechspüler a keen Vollwäschmëttel benotzen;
· Wann méiglech an der Loft dréchnen an net am Trockner;
· Beim Strecken op Lénks dréinen an net iwwert déi bedréckte Fläch strecken;
· Déi bedréckte Fläch net upaken(keen zéien, zerren, krazen etc).
Retourpolitik
I. Feelerhaft Produkt oder Liwwerung.
Fir de Fall wou d'Qualitéit vum Produkt (Printfeeler, Flecken, etc) oder een Aspekt vum Produkt (Faarf, Gréisst, Quantitéit) net dem entsprécht wat de Client bestallt hat, huet de Client d'Recht ze reklaméieren an dem en eis eng Email schéckt an eis iwwert de Problem a Kenntnes setzt.
Falls berechtegt, huet de Client doropshin d'Recht, jee nodeem wat en léiwer huet, op:
-een Remboursement an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;
-een Bong an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;
-een Ersatzprodukt wat op Käschte vun eis ausgeliwwert gëtt.
Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren.
II. Wiederruf
1. All Client huet d'Recht fir bei engem prefabrizéierte Produkt bannen 14 Deeg no Erhalt vum Produkt duerch de Client oder ee Representant vum Client ouni Ugaben vu Grënn zréckzeschécken a vum Vertrag zréckzetrieden.
Fir d'Widerrufsrecht auszeüben, muss de Client eis mëttels enger eendeiteger Erklärung iwwert seng Decisioun, vun dësem Kontrakt z'zréckzetrieden,ze informéieren. Fir weider Informatiounen bieden mir dech fir eis FAQ an eis Konditiounen ze consultéieren.
2. Dëst Widerrufsrecht besteet net bei Kontrakter iwwert Liwwerung vun Produkter, déi net virgefäerdegt sinn a wou bei der Fabrikatioun eng individuelle Auswiel oder Bestëmmung duerch de Client virgeholl gëtt oder déi eendeiteg op déi perséinlech Bedürfnisser vum Client zougeschnidde sinn.
Dat ass de Fall fir d'Majoritéit vun deenen op eisem Site ugebuede Produkter. All concernéiert Produkt gëtt vun Hand an individuell fir de Client vun eisem Fournisseur gedréckt nodeem en et bestallt huet. Bei all concernéiertem Produkt gëtt op der Produktsäit ausdrécklech dorop higewisen dat et op Bestellung hiergestallt gëtt.
Well mir weder e Lager nach e Geschäft hunn, kennen mir déi vum Client ëmgetosch Produkter net nei verwäerten. Dowéinst si mir gesetzlech net dozou verflicht ee Produkt zréckzehuelen wat engem Client net gefält, et sief dann et entsprécht net dem wat den Client bestallt huet oder et enthält Produktiounsfeeler.
Trotzdeem wëlle mir, dat de Cient mat senger Bestellung zefridde ass. Déng Zefriddenheet läit eis um Häerz. Dowéinst zéck net fir dech bei eis ze mellen falls du mat denger Bestellung net zefridden bass, fir dat mir gemeinsam eng Léisung fannen kennen.
FIR ALL FALL GËLLT: E PRODUKT DIERF NET ZRÉCKGESCHÉCKT GINN OUNI E FORMELLT AVERSTÄNDNIS VUN EISER SÄIT. GËTT DE PAK KOMMENTARLOS ZRÉCKGESCHÉCKT VERFALEN ALL USPRÉCH OP INDEMNISATIOUN.
Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren.
Dat soen eis Clienten
- Wann s du eng Auswiel trëffs gëtt déi vollstänneg Säit aktualiséiert




