Ech Velo fuere goen - -BIO T-Shirt

Ech Velo fuere goen - -BIO T-Shirt

SKU: c747418.326.6
  • Promo
  • Normale Präis €29,99


Dësen organeschen T-Shirt ass perfekt fir all Fra déi punkto Qualitéit, Komfort an Nohaltegkeet keng Kompromësser agoe wëll. E gëtt op Bestellung manuell an individuell no denge Wënsch hiergestallt*.

  • Fournisseur: Stanley & Stella
  • Typ: Single Jersey mat agesaten Äerm
  • Halsausschnëtt: Bouform
  • Material: 100 % Bio-Kotteng
  • Strapazéierfäeg Stoffqualitéit: 155 g/m²
  • Coupe: Op Taille**
  • Produktioun: Fair an nohalteg

*Detailer fënns du souwuel an der FAQ ewéi och an den AGB.

** Consultéier w.e.g virum Bestellen d'Gréisstentabell fir dech ze vergewësseren dat den T-Shirt dir passe wäert. Am Doute, bestell léiwer eng Nummer méi grouss ewéi ze kleng. An der FAQ fënns du hëllefräich Tipps fir deng Gréisst ze fannen. Falls op Taille net gewënscht ass, kann een um Site an der Männerrubrik nokucken ob d'Motiv do ze fannen ass. Well T-Shirten an där Rubrik Unisex T-Shirten sinn, kënne se och ouni Weideres vu Fraen gedroen ginn.

Fleegehiweiser

Fir eng méiglechst laang Liewensdauer vun denge bedréckten Textilien    ze erreechen, roden mir dir dech un déi folgend Wäschhiweiser ze halen:

·        Textilien virum éischten Droen wäschen fir Dréckréckstänn lasszeginn;

·         Textilien virun der éischter Wäsch a kaalt Waasser tauchen fir sécherzestellen dat se net dono aginn;

·         Net iwwer 30° wäschen;

·         Textilien virum Wäschen op Lénks dréinen (inside out!);

·         Keen Weechspüler a keen Vollwäschmëttel benotzen;

·         Wann méiglech an der Loft dréchnen an net am Trockner;

·         Beim Strecken op Lénks dréinen an net iwwert déi bedréckte Fläch strecken;

·         Déi bedréckte Fläch net upaken(keen zéien, zerren, krazen etc).

Liwwerung

  1. Mir liwweren am Abléck ausschliisslech no Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an d'Belsch.
  2. Packupadresse gi just fir kleng Bestellunge vu bis zu 2 Produkter ënnerstëtzt (an dovunner dierf just 1 en Hoodie sinn)
  3. Wann d'Bestellung net kann un d'Packupadress ausgeliwwert ginn, muss een se an den Depot vum Liwwerdéngscht siche goen.
  4. D'Liwwerkäschte ginn no folgender Tabell berechent:

Unzuel u Produkter

1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

Käschten an €

4,90

9

12,50

15.50

18

20

22

24

25

16

27

28

29

30



  1. Am Kader vun enger spezieller Aktioun (Akaf iwwert e bestëmmte  Montant z.B), kann d'Liwwerung och gratis sinn.
  2. D'Produktioun kann tëscht 2-14  Schaffdeeg daueren an d'Liwwerung 3 Schaffdeeg bis eng Woch. An der Reegel dauert de Prozess awer net méi lang ewéi 3 Wochen.
  3. Am Fall wou eis e Feeler bei der Liwwerung geschitt op Grond vun dem de Pak net beim Client ukënnt, iwwerhuelen mir d'Käschten vun der Reexpeditioun.
  4. Fir weider Informatiounen, consultéier w.e.g eis FAQ an eis Allgemeng Geschäftsbedéngungen.

Reklamatioun

I. Feelerhaft Produkt oder Liwwerung.

Fir de Fall wou d'Qualitéit vum Produkt (Printfeeler, Flecken, etc) oder een Aspekt vum Produkt  (Faarf, Gréisst, Quantitéit) net dem entsprécht wat de Client bestallt hat, huet de Client d'Recht ze reklaméieren an dem en eis eng Email schéckt an eis iwwert de Problem a Kenntnes setzt.

Falls berechtegt, huet de Client doropshin d'Recht, jee nodeem wat en léiwer huet, op:

-een Remboursement an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;

-een Bong an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;

-een Ersatzprodukt wat op Käschte vun eis ausgeliwwert gëtt.

Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren.
 
II. Wiederruf
 

1. All Client huet d'Recht fir bei engem prefabrizéierte Produkt bannen 14 Deeg no Erhalt vum Produkt duerch de Client oder ee Representant vum Client ouni Ugaben vu Grënn zréckzeschécken a vum Vertrag zréckzetrieden.

Fir d'Widerrufsrecht auszeüben, muss de Client eis mëttels enger eendeiteger Erklärung iwwert seng Decisioun, vun dësem Kontrakt z'zréckzetrieden,ze informéieren. Fir weider Informatiounen bieden mir dech fir eis FAQ an eis Konditiounen ze consultéieren.

2. Dëst Widerrufsrecht besteet net bei Kontrakter iwwert Liwwerung vun Produkter, déi net virgefäerdegt sinn a wou bei der Fabrikatioun eng individuelle Auswiel oder Bestëmmung duerch de Client virgeholl gëtt oder déi eendeiteg op déi perséinlech Bedürfnisser vum Client zougeschnidde sinn.

Dat ass de Fall fir d'Majoritéit vun deenen op eisem Site ugebuede Produkter.  All concernéiert Produkt gëtt vun Hand an individuell fir de Client vun eisem Fournisseur gedréckt nodeem en et bestallt huet. Bei all concernéiertem Produkt gëtt op der Produktsäit ausdrécklech dorop higewisen dat et op Bestellung hiergestallt gëtt.

Well mir weder e Lager nach e Geschäft  hunn, kennen mir déi vum Client ëmgetosch Produkter net nei verwäerten. Dowéinst si mir gesetzlech net dozou verflicht ee Produkt zréckzehuelen wat engem Client net gefält, et sief dann et entsprécht net dem wat den Client bestallt huet oder et enthält Produktiounsfeeler.

Trotzdeem wëlle mir, dat de Cient mat senger Bestellung zefridde ass. Déng Zefriddenheet läit eis um Häerz. Dowéinst zéck net fir dech bei eis ze mellen falls du mat denger Bestellung net zefridden bass, fir dat mir gemeinsam eng Léisung fannen kennen.

FIR ALL FALL GËLLT: E PRODUKT DIERF NET ZRÉCKGESCHÉCKT GINN OUNI E FORMELLT AVERSTÄNDNIS VUN EISER SÄIT. GËTT DE PAK KOMMENTARLOS ZRÉCKGESCHÉCKT VERFALEN ALL USPRÉCH OP INDEMNISATIOUN.

Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren. 

 

 

Detailer zum T-Shirt

Roudbréck steet fir beschtméiglech Dréckqualitéit op absoluten Qualitéitsprodukter. Den aussergewéinleche Spektrum u Gréissten vun dësem organeschen T-Shirt fir Fraen garantéiert e perfekten Setz fir Grouss a Kleng. Dësen T-Shirt ass ganz agreabel ze droen, duuss op der Haut an hält dech esou bequem an allen Liewenssituatiounen.

Doriwwer hinaus bitt en onendlech Kombinatiounsméiglechkeeten, egal op driwwer, oder drënner!An dobäi kennt net nëmmen dat en organesch ass an domadder schounend fir d’Ëmwelt, mä och ënner fairen Produktiounsbedéngungen produzéiert gouf.

Detailer zum Origine

Dëst Kleedungsstéck gëtt aus Naturfaseren hiergestallt, déi vu nohaltegen Plantagen kommen an et onvergläichlech duuss maachen.

Et gëtt haaptsächlech an Asien (Bangladesch, China) a Portugal (Léngent) produzéiert.

All d’Fabricken erfëllen déi strengste Secherhéeetsufuerderungen a bidden Aarbechtsbedéngungen un déi Richtlinne vun der Fair Wear Fondatioun respektéieren.Dofir ass dëst Kleedungsstéck mat deene wichtegsten Certificaten ausgezeechent (GOTS, OCS Blended, Oeko-Tex). 


Detailer zum Hierstellungsprozess

De Kotteng ass gekämmt, dat heescht dat en mat der Kämmmaschinn vun de kuerze Faseren a Knascht befreit gëtt, geglätt gëtt an d'Faseren parallel kennen geuerdent ginn. De Gar (Fuedem) gëtt doduerch méi kräfteg a méi gläichméisseg, sou dat d'Surface méi reegelméisseg ass.

De gekämmte Gar ass rénggesponnen. wat sou vill heescht wéi dat e verdréint gëtt. Jee méi e verdréint gëtt, desto méi staark, méi duuss, méi glat a méi blénkeg gëtt en.



ALLES an engem!

Maach eppes fir d'Sprooch: Check!
Maach eppes fir d'Welt: Check!
Maach eppes fir dech: Check!

x
x