->

Plagiator - Matt Taass

  • Promo
  • Normale Präis €20,00
SKU: c1679619.715.49
GRATIS Versand ab 30€!
Muss et méi schnell goen?Huel e Kaddosbong!
  • American Express
  • Apple Pay
  • Mastercard
  • PayPal
  • Visa


  • Beschreiwung
  • Roudbréck steet fir beschtméiglech Dréckqualitéit op absolutte Qualitéitsprodukter.Ausgefalen Designs a Kaffi - déi perfekte Koppel fir all Moien! Mäi och fir Téi, Schocki, Jusen a Glühwäi sinn eis Tasen déi beschte Wiel. Déi formschéi Gréisst vun der Taass an déi grouss Klensch suerge fir en optimale Grëff.

    Well jiddereen Tase brauch a mir der vill dovunner hunn, mécht dat eis Tasen  och zu engem perfekte Kaddo fir all Geleeënheet. 

    A wéinst der zertifiéierter Schutzschicht wäert däi Liblingsmotiv  och laang erhale bleiwen. E gëtt op Bestellung manuell an individuell no denge Wënsch geprint*.

    Héichwäerteg Taass aus Keramik mat C-Klensch

    Blatzeg Surface a wäisser Faarf

    Spullmaschinnfest

    Gëeegent fir Mikrowell no BS EN 15284:2007

    Héicht: 96 mm, Ø 80 mm

    Volume: ca. 330 ml

    Drock: Flexdrock mat onbedenklecher Tënt

  • Liwwerung
  • Gratis Liwwerung ab 30EUR

    1. Mir liwweren am Abléck ausschliisslech op Lëtzebuerg.
    2. D'Liwwerung ass am Abléck gratis ab 30€ TTC
    3. Packupadresse gi nëmmen an Ausnamen acceptéiert.
    4. Wann d'Bestellung net kann un d'Packupadress ausgeliwwert ginn, muss een se an den Depot vum Liwwerdéngscht siche goen.
    5.

    D'Produktioun kann tëscht 2-14  Schaffdeeg daueren an d'Liwwerung 3 Schaffdeeg bis eng Woch. An der Reegel dauert de Prozess awer net méi lang ewéi 3 Wochen.

    6.

    Am Fall wou eis e Feeler bei der Liwwerung geschitt op Grond vun dem de Pak net beim Client ukënnt, iwwerhuelen mir d'Käschten vun der Reexpeditioun.

    7.

    Fir weider Informatiounen, consultéier w.e.g eis FAQ an eis Allgemeng Geschäftsbedéngungen.

     

  • Retourpolitik
  • Flexibel Retourpolitik

    1. Feelerhaft Produkt oder Liwwerung.

    Fir de Fall wou d'Qualitéit vum Produkt (Printfeeler, Flecken, etc) oder een Aspekt vum Produkt  (Faarf, Gréisst, Quantitéit) net dem entsprécht wat de Client bestallt hat, huet de Client d'Recht ze reklaméieren an dem en eis eng Email schéckt an eis iwwert de Problem a Kenntnes setzt.

    Falls berechtegt, huet de Client doropshin d'Recht, jee nodeem wat en léiwer huet, op:

    -een Remboursement an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;

    -een Bong an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;

    -een Ersatzprodukt wat op Käschte vun eis ausgeliwwert gëtt.

    Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren.
     
    II. Wiederruf
     

    1. All Client huet d'Recht fir bei engem prefabrizéierte Produkt bannen 14 Deeg no Erhalt vum Produkt duerch de Client oder ee Representant vum Client ouni Ugaben vu Grënn zréckzeschécken a vum Vertrag zréckzetrieden.

    Fir d'Widerrufsrecht auszeüben, muss de Client eis mëttels enger eendeiteger Erklärung iwwert seng Decisioun, vun dësem Kontrakt z'zréckzetrieden,ze informéieren. Fir weider Informatiounen bieden mir dech fir eis FAQ an eis Konditiounen ze consultéieren.

    1. Dëst Widerrufsrecht besteet net bei Kontrakter iwwert Liwwerung vun Produkter, déi net virgefäerdegt sinn a wou bei der Fabrikatioun eng individuelle Auswiel oder Bestëmmung duerch de Client virgeholl gëtt oder déi eendeiteg op déi perséinlech Bedürfnisser vum Client zougeschnidde sinn.

    Dat ass de Fall fir d'Majoritéit vun deenen op eisem Site ugebuede Produkter.  All concernéiert Produkt gëtt vun Hand an individuell fir de Client vun eisem Fournisseur gedréckt nodeem en et bestallt huet. Bei all concernéiertem Produkt gëtt op der Produktsäit ausdrécklech dorop higewisen dat et op Bestellung hiergestallt gëtt.

    Well mir weder e Lager nach e Geschäft  hunn, kennen mir déi vum Client ëmgetosch Produkter net nei verwäerten. Dowéinst si mir gesetzlech net dozou verflicht ee Produkt zréckzehuelen wat engem Client net gefält, et sief dann et entsprécht net dem wat den Client bestallt huet oder et enthält Produktiounsfeeler.

    Trotzdeem wëlle mir, dat de Cient mat senger Bestellung zefridde ass. Déng Zefriddenheet läit eis um Häerz. Dowéinst zéck net fir dech bei eis ze mellen falls du mat denger Bestellung net zefridden bass, fir dat mir gemeinsam eng Léisung fannen kennen.

    FIR ALL FALL GËLLT: E PRODUKT DIERF NET ZRÉCKGESCHÉCKT GINN OUNI E FORMELLT AVERSTÄNDNIS VUN EISER SÄIT. GËTT DE PAK KOMMENTARLOS ZRÉCKGESCHÉCKT VERFALEN ALL USPRÉCH OP INDEMNISATIOUN.

    Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren. 

     

     

  • Fleeghiweiser
  • Fleeghiweiser

    Fir eng méiglechst laang Liewensdauer vun denger  Taass z'erreechen, roden mir dir dech un déi folgend Spullhiweiser ze halen:

    • Virum éischte Gebrauch op der Hand spullen fir Dréckréckstänn lasszeginn;
    • Net an d'Spullmaschinn maachen mä op der Hand wäschen;
    • Mat wotlechem Waasser spullen;
    • Déi bedréckte Fläch net upaken(keen zéien, zerren, krazen etc).
  • Bewäertungen
  • Customer Reviews

    Based on 1 review
    100%
    (1)
    0%
    (0)
    0%
    (0)
    0%
    (0)
    0%
    (0)
    a
    andreas Meyer
    tiptop

    tiptop


    x

    x