->

Roude Léiw an Ukraine Häerz - BIO Unisex T-Shirt

  • Promo
  • Normale Präis €30,00
SKU: c1841881.629.1
GRATIS Versand ab 30€!
Muss et méi schnell goen?Huel e Kaddosbong!
  • American Express
  • Apple Pay
  • Mastercard
  • PayPal
  • Visa


  • Fir e gudden Zweck
  • Och mir si geschockt an zu déifst enttäuscht iwwert déi rezent Entwécklungen an der Ukrain. Dofir drécke mir den Ukrainer eist Matgefill an eis grenzelos Solidaritéit aus an dëse schwéieren Zäiten a wëlle mat eiser Kleedung een Zeeche setzen. En Zeechen dat mir un si denken an dat wat an der Ukraine grad geschitt zu déifst condamnéieren.  Dofir gi mir och 100% dee mir op dësem T-Shirt maache weider un déi viru kuerzem gegrënnte lëtzebuergesch Associatioun Slava Ukraini déi sech als Ziel gesat huet déi ukrainesch Refugiéen déi zu Lëtzebuerg ukommen z'encadréieren an hinne bei hirem Neiufank sou gutt et geet zur Säit ze stoen. 

  • Beschreiwung
  • Roudbréck steet fir beschtméiglech Drockqualitéit op absolutte Qualitéitsprodukter. Dësen Unisex T-Shirt ass ganz agreabel ze droen, duuss op der Haut an hält dech esou bequem an allen Liewenssituatiounen.

    Doriwwer hinaus bitt en onendlech Kombinatiounsméiglechkeeten, egal op driwwer, oder drënner!An dobäi kennt net nëmmen dat en organesch ass an domadder schounend fir d’Ëmwelt, mä och ënner faire Produktiounsbedéngunge produzéiert gouf.

    Dësen organeschen T-Shirt ass perfekt fir jiddereen dee punkto Qualitéit, Komfort an Nohaltegkeet keng Kompromësser agoe wëll a nëmmen dat Bescht wëll hunn. E gett op Bestellung manuell an individuell no denge Wënsch geprint*.

    Fournisseur: Stanley & Stella

    Typ: Single Jersey mat agesaten Äerm

    Material: 100 % Bio-Kotteng

    Strapazéierfäeg Stoffqualitéit: 180 g/m²

    Coupe: Normal Passform**

    Produktioun: Fair an nohalteg

    Drock: Neisten Digitaldrocker mat onbedenklecher Tënt

    *Detailer fënns du souwuel an der FAQ ewéi och an den AGB.

    ** Consultéier w.e.g virum Bestellen d'Gréisstentabell fir dech ze vergewësseren dat den T-Shirt dir passe wäert. Am Doute, bestell léiwer eng Nummer méi grouss ewéi ze kleng. An der FAQ fënns du hëllefräich Tipps fir deng Gréisst ze fannen.

     

  • Beschreiwung
  • Roudbréck steet fir beschtméiglech Drockqualitéit op absolutte Qualitéitsprodukter. Dësen Unisex T-Shirt ass ganz agreabel ze droen, duuss op der Haut an hält dech esou bequem an allen Liewenssituatiounen.

    Doriwwer hinaus bitt en onendlech Kombinatiounsméiglechkeeten, egal op driwwer, oder drënner!An dobäi kennt net nëmmen dat en organesch ass an domadder schounend fir d’Ëmwelt, mä och ënner faire Produktiounsbedéngunge produzéiert gouf.

    Dësen organeschen T-Shirt ass perfekt fir jiddereen dee punkto Qualitéit, Komfort an Nohaltegkeet keng Kompromësser agoe wëll a nëmmen dat Bescht wëll hunn. E gett op Bestellung manuell an individuell no denge Wënsch geprint*.

    Fournisseur: Stanley & Stella

    Typ: Single Jersey mat agesaten Äerm

    Material: 100 % Bio-Kotteng

    Strapazéierfäeg Stoffqualitéit: 180 g/m²

    Coupe: Normal Passform**

    Produktioun: Fair an nohalteg

    Drock: Neisten Digitaldrocker mat onbedenklecher Tënt

    *Detailer fënns du souwuel an der FAQ ewéi och an den AGB.

    ** Consultéier w.e.g virum Bestellen d'Gréisstentabell fir dech ze vergewësseren dat den T-Shirt dir passe wäert. Am Doute, bestell léiwer eng Nummer méi grouss ewéi ze kleng. An der FAQ fënns du hëllefräich Tipps fir deng Gréisst ze fannen.

     

  • Detailer iwwert d'Produktioun
  • Detailer zum Origine

    Dësen Unisex T-Shirt gëtt zu 100% aus organeschen Naturfaseren hiergestallt, déi vu nohaltegen Plantagen aus Indien kommen an et onvergläichlech duuss maachen.

    Detailer zur Hierstellung

    De Kotteng gëtt haptsächlesch an Asien (Bangladesch a China) gebitzt. All d’Fabricken erfëllen déi strengste Secherhéeetsufuerderungen a bidden Aarbechtsbedéngungen un déi Richtlinne vun der Fair Wear Fondatioun respektéieren. Dofir ass dëst Kleedungsstéck mat deene wichtegsten Certificaten ausgezeechent (GOTS, OCS Blended, Oeko-Tex,etc). 

    Detailer zum Bitzprozess

    De Kotteng ass gekämmt, dat heescht dat en mat der Kämmmaschinn vun de kuerze Faseren a Knascht befreit gëtt, geglätt gëtt an d'Faseren parallel kennen geuerdent ginn. De Gar (Fuedem) gëtt doduerch méi kräfteg a méi gläichméisseg, sou dat d'Surface méi reegelméisseg ass.

    De gekämmte Gar ass rénggesponnen. wat sou vill heescht wéi dat e verdréint gëtt. Jee méi e verdréint gëtt, desto méi staark, méi duuss, méi glat a méi blénkeg gëtt en.

    Detailer zum Drock

    D'Motiv gëtt an Däitschland mat Hëllef vun denen modernsten Digitaldrockeren vun Hand op den Textil gedréckt an dono op Qualitéitsmängel kontrolléiert. Am Géigesaz zum Flexdrock ensteet dobäi eng Eenheet tëscht dem Stoff an den Faarwen, wat d'Motiv vill méi langlieweg mécht well d'Faarwen net esou schnell verblatzen wéi dat wat een vun bëlleger Kleedung gewinnt ass.

  • Gréisstentabell - Männershirt
  • An der FAQ fënns du weider hëllefräich Tipps fir deng Gréisst ze fannen. Am Doute, bestell léiwer eng Nummer méi grouss ewéi ze kleng, an just 1 eenzegt Produkt statt méi mat der nämmlechter Gréisst.

  • Liwwerung
  • Gratis Liwwerung ab 30EUR

    1. Mir liwweren am Abléck ausschliisslech op Lëtzebuerg.
    2. D'Liwwerung ass am Abléck gratis ab 30€ TTC
    3. Packupadresse gi nëmmen an Ausnamen acceptéiert.
    4. Wann d'Bestellung net kann un d'Packupadress ausgeliwwert ginn, muss een se an den Depot vum Liwwerdéngscht siche goen.
    5.

    D'Produktioun kann tëscht 2-14  Schaffdeeg daueren an d'Liwwerung 3 Schaffdeeg bis eng Woch. An der Reegel dauert de Prozess awer net méi lang ewéi 3 Wochen.

    6.

    Am Fall wou eis e Feeler bei der Liwwerung geschitt op Grond vun dem de Pak net beim Client ukënnt, iwwerhuelen mir d'Käschten vun der Reexpeditioun.

    7.

    Fir weider Informatiounen, consultéier w.e.g eis FAQ an eis Allgemeng Geschäftsbedéngungen.

     

  • Retourpolitik
  • Flexibel Retourpolitik

    1. Feelerhaft Produkt oder Liwwerung.

    Fir de Fall wou d'Qualitéit vum Produkt (Printfeeler, Flecken, etc) oder een Aspekt vum Produkt  (Faarf, Gréisst, Quantitéit) net dem entsprécht wat de Client bestallt hat, huet de Client d'Recht ze reklaméieren an dem en eis eng Email schéckt an eis iwwert de Problem a Kenntnes setzt.

    Falls berechtegt, huet de Client doropshin d'Recht, jee nodeem wat en léiwer huet, op:

    -een Remboursement an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;

    -een Bong an der Héicht vum Akafspräis vum concernéierte Produkt an den bezuelten Versandkäschten;

    -een Ersatzprodukt wat op Käschte vun eis ausgeliwwert gëtt.

    Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren.
     
    II. Wiederruf
     

    1. All Client huet d'Recht fir bei engem prefabrizéierte Produkt bannen 14 Deeg no Erhalt vum Produkt duerch de Client oder ee Representant vum Client ouni Ugaben vu Grënn zréckzeschécken a vum Vertrag zréckzetrieden.

    Fir d'Widerrufsrecht auszeüben, muss de Client eis mëttels enger eendeiteger Erklärung iwwert seng Decisioun, vun dësem Kontrakt z'zréckzetrieden,ze informéieren. Fir weider Informatiounen bieden mir dech fir eis FAQ an eis Konditiounen ze consultéieren.

    1. Dëst Widerrufsrecht besteet net bei Kontrakter iwwert Liwwerung vun Produkter, déi net virgefäerdegt sinn a wou bei der Fabrikatioun eng individuelle Auswiel oder Bestëmmung duerch de Client virgeholl gëtt oder déi eendeiteg op déi perséinlech Bedürfnisser vum Client zougeschnidde sinn.

    Dat ass de Fall fir d'Majoritéit vun deenen op eisem Site ugebuede Produkter.  All concernéiert Produkt gëtt vun Hand an individuell fir de Client vun eisem Fournisseur gedréckt nodeem en et bestallt huet. Bei all concernéiertem Produkt gëtt op der Produktsäit ausdrécklech dorop higewisen dat et op Bestellung hiergestallt gëtt.

    Well mir weder e Lager nach e Geschäft  hunn, kennen mir déi vum Client ëmgetosch Produkter net nei verwäerten. Dowéinst si mir gesetzlech net dozou verflicht ee Produkt zréckzehuelen wat engem Client net gefält, et sief dann et entsprécht net dem wat den Client bestallt huet oder et enthält Produktiounsfeeler.

    Trotzdeem wëlle mir, dat de Cient mat senger Bestellung zefridde ass. Déng Zefriddenheet läit eis um Häerz. Dowéinst zéck net fir dech bei eis ze mellen falls du mat denger Bestellung net zefridden bass, fir dat mir gemeinsam eng Léisung fannen kennen.

    FIR ALL FALL GËLLT: E PRODUKT DIERF NET ZRÉCKGESCHÉCKT GINN OUNI E FORMELLT AVERSTÄNDNIS VUN EISER SÄIT. GËTT DE PAK KOMMENTARLOS ZRÉCKGESCHÉCKT VERFALEN ALL USPRÉCH OP INDEMNISATIOUN.

    Fir weider Informatiounen bieden mir dech eis FAQ an Konditiounen ze konsultéieren. 

     

     

  • Fleeghiweiser
  • Fleegehiweiser

    Fir eng méiglechst laang Liewensdauer vun denge bedréckten Textilien  z'erreechen, roden mir dir dech un déi folgend Hiweiser ze halen:

    1. Textilien virum éischten Droen wäschen fir Dréckréckstänn lasszeginn
    2. Textilien virun der éischter Wäsch a kaalt Waasser tauchen fir sécherzestellen dat se net dono aginn
    3. Net iwwer 30° wäschen
    4. Textilien virum Wäschen op Lénks dréinen (Bannen no Baussen!)
    5. Keen Weechspüler a keen Vollwäschmëttel benotzen
    6. Wann méiglech an der Loft dréchnen an net am Trockner
    7. Streckeisen benotzen ouni et ze erhëtzen
    8. Beim Strecken op Lénks dréinen an net iwwert déi bedréckte Fläch strecken
    9. Déi bedréckte Fläch net upaken(keen zéien, zerren, krazen etc)
    10.  Am Schaf un e Bigel hänken statt op anert Gezei ze stapelen

     

     

  • Bewäertungen
  • Customer Reviews

    Based on 1 review
    100%
    (1)
    0%
    (0)
    0%
    (0)
    0%
    (0)
    0%
    (0)
    S
    SCHAUS Christiane

    Roude Léiw an Ukraine Häerz - BIO Unisex T-Shirt


    x

    x